„De Péiter vun Uespelt am spéitmëttelalterlechen Europa“
Konferenz presentéiert vum Historiker Dr. David KIRT
am Kader vun der Assemblée Générale vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng.
Donneschdeg, den 10. Mäerz 2011 um 20 Auer
am Centre Polyvalent, rue de l’École, zu Uespelt
Dës Konferenz ass geduecht als Bäitrag vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng zu den zwéin Anniversairë vun dem siwenhonnertsten Hochzäitsdag an dem siwenhonnertste Kréinungsdag vum Jang dem Blannen an dem Elisabeth vu Béimen. Ėvénementer, an deene keen anere wéi de Péiter vun Uespelt als en Haaptacteur direkt implizéiert woar a matt deenen dem Jang de Blannen seng villsäiteg Carrière dann och fir zerguttst ugefangen huet.
E bësse Weltgeschicht, déi och Uespelter Lokalgeschicht ass.
De 4. Februar 1311, viru 700 Joer, kréint de Péiter vun Uespelt als Äerzbëschof a Kurfürst vu Mainz de Jang de Blannen am Veitsdoum um Prager Hradschin zum Kinnek vu Béimen.
Kuerz virdrun hat de Péiter vun Uespelt schonn eng éischt ganz wichteg Roll am Liewe vum Jang de Blanne gespillt.
Hien, de Péiter vun Uespelt, eng villsäiteg talentéiert an engagéiert politesch a kierchlech Perséinlechkeet aus dem spéide Mëttelalter, stoung derhannert wéi deem deemools nach ganz jonken an natierlech nach net blanne Jang aus dem lëtzebuerger Fürstenhaus déi béimesch Kinneksduechter Elisabeth als Fra an domat och gläichzäiteg d’Kroun vu Béimen, ugebuede ginn ass. Hie woar et och, deen drop gehalen huet de Jang an d’Elisabeth, no hirer Hochzäit den 1. September 1310 zu Speyer am Doum, nach eng Kéier feierlech an enger Hellech-Geescht-Mass ze seenen. Wéi kuerz duerno den Henri VII. matt senger Fra a senge Bridder Walram a Balduin, dem Äerzbëschof a Kurfürst vun Tréier, an den Italiefeldzug opgebrach sinn, ass de Péiter vun Uespelt matt der jonker Koppel no Béime gereest. Do huet de Péiter, als fréiere Kanzler um Prager Haff, sech besonnesch gutt auskannt, an dofir konnt hien och elo dem lëtzebuerger Jang als aviséierte Beroder iwwer politesch a militäresche Froen nëtzlech zur Säit stoen, esou datt dee ganze Grupp sech matt Mutt a Wëtz duerchschloen an zu Prag un d’Rudder setze konnt. Allerdéngs ass de ganzen Zeremoniell vun deeër grousser Kréinung ouni d’Famill vun dem gekréinte Puer ofgelaf, well de Papp Henri, d’Mamm Margeréit an d’Monnie Walram a besonnesch Balduin jo an Italien am Krich woaren. Soss hätt den Ego- a Familljechroniker Balduin vläicht och ee Bild matt sech an dem gekréinte Puer Elisabeth a Jang ufäerdege gelooss, esou wéi hien a sengem Codex Balduini d’Hochzäit vu Speyer duerstelle gelooss huet.
Jo matzen an der Mëtt vu munneche ganz wichtegen Événementer aus senger Zäit, do stoung hien, de Péiter vun Uespelt, dat biergerlecht Multitalent, op gläicher Aenhéicht matt deene villen Notabilitéite vun adeleger Ofstamung.
Esou wäit fir hei an elo.
De Conférencier Dr. David Kirt wäert Iech den 10. Mäerz 2011 zu Uespelt esou allerhand ongewéinlech an ongewosst Aspekter aus dem Liewen a Wierke vum Péiter vun Uespelt virun d’Ae féieren. Verpasst dës Konferenz net!
Commentaires récents