Posts Tagged 'Bibliothèques'

E grousse Merci dem Dokter André Erasmy an dem Dokter Joseph Mersch !!

Si hun der U.L.H.P. een Deel vun hire wärtvolle Bibliothéiken geschenkt.Am Numm vum Conseil a vun alle Memberen vun eiser Union, soen mir hinnen en härzleche Merci fir hir Generositéit.

D’Saisie vun deenen Dokumenter as gemach gin mat dem Logiciel Excel a folgende Kategorien: Titel, Oplo, Autor, Verlag, Joer, Seitenzuel resp. Aband, a mat de folgenden Ënnerkategorien: Histoire générale + luxembourgeoise + archéologie + généalogie, art + architecture, médecine générale + douce + santé, sciences +biologie+ géographie+ géologie, littérature lux. + ail. + franç. + lat., etc.

Dem Dr. André Erasmy, pensionéierten Zänndokter vu Stroossen, seng Bibliothik besteet aus 137 Titelen, dat sin 149 Bicher an Ausstellungskatalogen. Et handelt sëch un eischter Plaz ëm eng Kollektioun vu wertvolle Konschtbicher.

Den Dr Joseph Mersch, pensionéierten Fraendokter vu Kockelscheier, huet eis (bis elo!!) 974 Titelen, dat sin 1069 Bicher, Revuen, Noschlowierker an Ausstellungskatalogen geschenkt. De Schwéierpunkt läit op der Medizin, de Naturwëssenschaften, der Konscht an der lëtzeburger Geschicht.

Ali dës Bicher sin vun e puer Memberen vun den A.H.M.E. a Këschte verpaakt a mat Privatautoen op Esch transportéiert tir do stockéiert ze gin.

Och dem Aloyse Linster vun Helleng seng Handbibliothéik ass katalogiséiert gin. Si besteet aus 258 Titelen, dat sin 394 Bicher a Revuen mat dem Schwéierpunkt op der Archäologie an der Lokalgeschicht.

Mir hoffen, dass ail dës Wierker engem interesséierte Publikum irgendwann emol am Haus vun der Geschicht zur Verfligung gestallt kënne gin.

Norbert Reuter
bibliothèque et rédaction, U.L.H.P.

Publicités

Catégories

RSS Plurio.net

  • Erreur, le flux RSS est probablement en panne. Essayez plus tard.
Publicités