Posts Tagged 'Actualités Historiques'

La dernière édition des « Actualités historiques » est en ligne.

Le téléchargement du fichier sous format pdf se fait ici:

Actualités historiques Décembre 2011

Bonne lecture!

 

Publicités

De Péiter vun Uespelt am spéitmëttelalterlechen Europa

„De Péiter vun Uespelt am spéitmëttelalterlechen Europa“

Konferenz presentéiert vum Historiker Dr. David KIRT
am Kader vun der Assemblée Générale vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng.

Donneschdeg, den 10. Mäerz 2011 um 20 Auer
am Centre Polyvalent, rue de l’École, zu Uespelt

Dës Konferenz ass geduecht als Bäitrag vun de Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng zu den zwéin Anniversairë vun dem siwenhonnertsten Hochzäitsdag an dem siwenhonnertste Kréinungsdag vum Jang dem Blannen an dem Elisabeth vu Béimen. Ėvénementer, an deene keen anere wéi de Péiter vun Uespelt als en Haaptacteur direkt implizéiert woar a matt deenen dem Jang de Blannen seng villsäiteg Carrière dann och fir zerguttst ugefangen huet.

 

E bësse Weltgeschicht, déi och Uespelter Lokalgeschicht ass.

De 4. Februar 1311, viru 700 Joer, kréint de Péiter vun Uespelt als Äerzbëschof a Kurfürst vu Mainz de Jang de Blannen am Veitsdoum um Prager Hradschin zum Kinnek vu Béimen.

Kuerz virdrun hat de Péiter vun Uespelt schonn eng éischt ganz wichteg Roll am Liewe vum Jang de Blanne gespillt.

 

Uespelter Schlass

Hien, de Péiter vun Uespelt, eng villsäiteg talentéiert an engagéiert politesch a kierchlech Perséinlechkeet aus dem spéide Mëttelalter, stoung derhannert wéi deem deemools nach ganz jonken an natierlech nach net blanne Jang aus dem lëtzebuerger Fürstenhaus déi béimesch Kinneksduechter Elisabeth als Fra an domat och gläichzäiteg d’Kroun vu Béimen, ugebuede ginn ass. Hie woar et och, deen drop gehalen huet de Jang an d’Elisabeth, no hirer Hochzäit den 1. September 1310 zu Speyer am Doum, nach eng Kéier feierlech an enger Hellech-Geescht-Mass ze seenen. Wéi kuerz duerno den Henri VII. matt senger Fra a senge Bridder Walram a Balduin, dem Äerzbëschof a Kurfürst vun Tréier, an den Italiefeldzug opgebrach sinn, ass de Péiter vun Uespelt matt der jonker Koppel no Béime gereest. Do huet de Péiter, als fréiere Kanzler um Prager Haff, sech besonnesch gutt auskannt, an dofir konnt hien och elo dem lëtzebuerger Jang als aviséierte Beroder iwwer politesch a militäresche Froen nëtzlech zur Säit stoen, esou datt dee ganze Grupp sech matt Mutt a Wëtz duerchschloen an zu Prag un d’Rudder setze konnt. Allerdéngs ass de ganzen Zeremoniell vun deeër grousser Kréinung ouni d’Famill vun dem gekréinte Puer ofgelaf, well de Papp Henri, d’Mamm Margeréit an d’Monnie Walram a besonnesch Balduin jo an Italien am Krich woaren. Soss hätt den Ego- a Familljechroniker Balduin vläicht och ee Bild matt sech an dem gekréinte Puer Elisabeth a Jang ufäerdege gelooss, esou wéi hien a sengem Codex Balduini d’Hochzäit vu Speyer duerstelle gelooss huet.

Dat offiziellt Hochzäitsbild vu Speyer no dem Codex Balduini
Matzen an der Mëtt de Péiter vun Uespelt, matt deem méi kleng duergestallte Brautpuer. Rechts d’Elteren, de Kinnek Henri VII an d’Kinneginn Margarete, lenks de Balduin, Äerzbëschof a Kurfürst vun Tréier, matt der rouder Käppchen.

Jo matzen an der Mëtt vu munneche ganz wichtegen Événementer aus senger Zäit, do stoung hien, de Péiter vun Uespelt, dat biergerlecht Multitalent, op gläicher Aenhéicht matt deene villen Notabilitéite vun adeleger Ofstamung.

Esou wäit fir hei an elo.

De Conférencier Dr. David Kirt wäert Iech den 10. Mäerz 2011 zu Uespelt esou allerhand ongewéinlech an ongewosst Aspekter aus dem Liewen a Wierke vum Péiter vun Uespelt virun d’Ae féieren. Verpasst dës Konferenz net!

Einzige Unistadt ohne lokales Geschichtsmuseum

Die Universitätsstadt Esch legt nicht viel Wert auf Geschichte. Sie hat kein Geschichtsmuseum und keinen Gemeindearchivar.

15 Jahre lang verwalteten die « Amis de l’Histoire et du Musée de la Ville d’Esch-sur-Alzette » (AHME) das Museum für Geschichte der Stadt Esch. 1996 wurde es von der Gemeinde aus finanziellen Gründen aufgelöst und das Haus verkauft.

—> weiterlesen

Aspelt im Krieg 1940 – 1945

Presentatioun a Verkaf vun dem Buch
Aspelt im Krieg 1940 – 1945
Zesummegestallt vum Serge FRANTZEN

no wierklechen Evenementer, déi Uespelter Leit an der Krichszäit 1940 – 1945 erlieft hunn, an déi sech zu Uespelt oder soss enzwousch an der Welt zougedroen hunn.

Al Schoul Schoulstrooss zu Uespelt:
Samschdeg, den 8 Mee 2010 — vun 1800 – 2000 Auer a
Sonndeg, den 9 Mee 2010 — vun 1000 – 1700 Auer

Ausstellung vun interessanten Erënnerungsstécker aus dem läschte Krich an dem Sall vun de Geschichtsfrënn am Keller vun der Aler Schoul.

D’Buch huet 200 Säiten an et sinn esou 150 Illustratiounen dran. Et kascht 25.-€.
Wien an der Gemeng d’Buch wëllt geliwwert kréien, soll 25.-€ op de Konto BGLL LULL IBAN LU03 0030 6680 1005 000 vun de Geschichtsfrënn iwwerweisen, bei enger Liwwerung iwwer d’Gemeng eraus kascht d’Buch mam Porto 28.-€.

10 Mai 1940. Die Deutschen überfallen unser Land. Die Aspelter, durch Granateinschläge und Verletzte und Tote entnervt sowie auf Anraten der Franzosen, flüchten über Preisch nach Frankreich. Zu Fuß, mit Pferdekarren und dann mit dem Zug gelangen die meisten bis ins Zentrum unseres, ebenso wie wir vom gemeinsamen Feind hart getroffenen Nachbarlandes. Erst im Juli bzw. August 1940 wird nach vielen Mühen, Strapazen und Leiden die oft abenteuerliche Rückkehr nach Aspelt möglich.

Aber der Abgrund der Erniedrigung und Verfolgung ist noch lange nicht erreicht. Den hitlerallergischen Jugendlichen wird jedes Studium verwehrt. Mädchen müssen im Inland und schlimmer noch in Deutschland Zwangsarbeitsdienst leisten, ebenso Männer, bevor die obligatorische Wehrpflicht eingeführt wird und letztere zum Militärdienst und an die Front gezwungen werden. Konsequenz : wenn nicht glatte Wehrdienstverweigerung und Verfolgung, dann oft Verletzung oder Tod an der Front, es sei denn es gelang die Flucht in den Untergrund. Aber im Versteck drohte für Schützer und Beschützte Verrat, Entdeckung und Internierung ins Konzentrationslager, in die nazistische Tötungsindustrie.

Manchen Aspeltern sind solche Schicksale und das daraus resultierende Trauma nicht erspart geblieben. Umso größer ist ihr Verdienst jetzt für die Geschichtsfreunde hierüber Bericht abgelegt zu haben, damit die Erinnerung an das Schreckliche wach bleiben soll und eine Wiederholung solcher grauenvoller Szenarien den kommenden Generationen erspart bleiben soll.

Geschichtsfrënn vun der Gemeng Fréiseng

Actualités Historiques No 3/2009

Le Bulletin d’information de l’U.L.H.P., « Actualités Historiques » numéro 3/2009 est disponible.

—> télécharger… (10,968KB)


Catégories

Publicités