DAG vum BAM 2013

Beem 2013_2Ouni Zweiwel war de 7. November, den Dag vum Bam, fier déi 75 Kanner aus de Schoulen vun der Gemeng Fréiseng en Erliefnes. De Ricardo, de José, de Francisco engagéiert bei der Fondatioun Linster-Weydert, haten ënner der Uleedung vum Selman Zabeli eng Sträif vun 160 m laang an 3 m breed prett gemaach fir Hecken ze planzen.

Beem 2013_2Scho moies ëm 8 Auer war de Georges d’Orazio, de neie Fieschter vun der Gemeng, matt dräi Mann ugetratt. Derbäi waren och de Jacques Mersch, de Selman Zabeli an de Faton Krapi vu Biomonitor, déi d’Planze geliwwert an d’Aarbecht geleet hunn, fir déi lescht Virbereedungen ze treffen.

Schlussendlech ginn dësen Hierscht bis zum Fréijoer ronn 500 Heckeplanzen vum Label Heck vun hei um Terrain vun der Fondatioun an de Buedem bruecht. All dës Planzen si se bei ons aus Som gezillt ginn, deen vun Hecken hei am Land gepléckt gouf.

Beem 2013_3

Ëm zwou Auer sinn déi 75 Kanner matt hire Léierpersounen agetraff. Si ware begleet vum Schäfferot, der Madame Malou Aulner, Buergermeeschter, der Madame Hoffmann-Carboni an dem Här Schiltz, béid Schäffen.

Héich Vertrieder vun Nature et Forêt haten drop gehalen, sech dat Ganzt unzekucken a matt z’erliewen, an zwar de Michel Leytem, Chef vum Arrondissement Sud, wéi och säin adjoint, Claude Parini an zwee Stagiairen.

Beem 2013_1

D’Kanner goufen an zwou Gruppen agedeelt. Di eng hunn fir d’éischt Hecke geplanzt, di aner krute vum John Frères a vum Yvo Fumanti, béid aktiv an der Union Luxembourgeoise pour l’Histoire et le Patrimoine an och an der Fondatioun Linster-Weydert, d’Geschicht vum Hellenger Bunker ausenaner geluecht a beschriwwen. Di zwee Hären hunn op Froen, déi intressant a lieweg ware geäntwert.


Derbäi waren och d’Madame Berthe Linster, Presidentin vunn der Fondatioun, d’Madame Claudine Becker an de Joseph Mersch, Memberen vum Verwaltungsrot. Si hunn hott an har Hand ugeluecht.
Dono hunn di zwou Gruppe gewiesselt.

Trotz dem schlechte Wieder, dem villen an daueren Reen waren den Asaz an d’Begeeschterung exemplaresch. 

Beem 2013_4

Publicités

0 Responses to “DAG vum BAM 2013”



  1. Laisser un commentaire

Répondre

Entrez vos coordonnées ci-dessous ou cliquez sur une icône pour vous connecter:

Logo WordPress.com

Vous commentez à l'aide de votre compte WordPress.com. Déconnexion /  Changer )

Photo Google

Vous commentez à l'aide de votre compte Google. Déconnexion /  Changer )

Image Twitter

Vous commentez à l'aide de votre compte Twitter. Déconnexion /  Changer )

Photo Facebook

Vous commentez à l'aide de votre compte Facebook. Déconnexion /  Changer )

Connexion à %s




Catégories

RSS Plurio.net

  • Erreur, le flux RSS est probablement en panne. Essayez plus tard.
Publicités

%d blogueurs aiment cette page :